Skip to content
zeno
Create a Station
Explore
Religious
Music
News
Podcasts
Bible
By Genre
By Location
By Language
Download App
Opens in a new window
Toggle Sidebar
zeno
radio 100,7
Invité:e vum Dag
News
Luxembourgish
Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien.
Website
Episodes
Episodes
50
21 August 2026
Gilles Biver, héije Beamten am Ëmweltministère
De Minett-Kompost soll Schmotzwaasser an de Kanal an an eng Baach lafe gelooss hunn. Wéi reagéiert den Ëmweltministère?
20 August 2026
Ben Frin, Arthur Welter Transports
Mam Finanzdirekter vun der Transportfirma geet ënner anerem rieds iwwer Dieselpräis, E-Mobilitéit (am Camionsberäich) a Recrutementsproblemer.
19 August 2026
Dr. Chris Roller, President vun der AMMD
De President vun der Associatioun vun den Dokteren an Zänndoktere reagéiert op déi neist Entwécklungen am Clinch mat Regierung a CNS.
18 August 2026
Martine Deprez, CSV-Gesondheets- a Sozialministesch
De Regierungsrot huet gëschter déi zwee Règlementgrand-ducallen ugeholl, déi d'Konventiounen tëschent (Zänn-)Dokteren an CNS ersetzen. Wat ännert?
17 August 2026
Claude Mangen, Ex-Direkter vum Mierscher Theater
No bal 8 Joer un der Spëtzt vum Mierscher Theater ass de Claude Mangen den 1. August a Pensioun gaang. Wéi gesäit hien d'Roll an d'Zukunft vun de regionale Kulturhaiser?
14 August 2026
Luc Emering, Vizepresident vun der Chamber-Ëmweltkommissioun
Geet et mat der aktueller Klimapolitik vun der Regierung duer, oder mussen CSV an DP méi ambitiéis ginn? Déi Fro stelle mir dem DP-Deputéierten, deen als Bauer d'Auswierkunge vun Hëtzt an Dréchent un éischter Front erlieft.
13 August 2026
Carlos Pereira (OGBL), Member vum CNS-Verwaltungsrot
Wéi reagéieren d'Salariatsvertrieder an der Gesondheetskeess op d'Ukënnegung vun der AMMD, keng nei Konventioun mat der CNS wëllen ze ënnerschreiwen?
12 August 2026
Paul Galles (CSV), President vun der Chamber-Ëmweltkommissioun
Ass de Summer, dee mir grad erliewen, dat bescht Argument fir eng méi konsequent Klimapolitik? Dat hu mir den CSV-Politiker gefrot.
11 August 2026
Michel Leytem, Direkter vun der ANF
Wéi vill Schued maachen Hëtzt an Dréchent am Lëtzebuerger Bësch? Froen un de Chef vun der Natur- a Bëschverwaltung.
10 August 2026
Serge Legil, Generaldirekter vun der Prisongsverwaltung
D'Zuel vun de Prisonnéier ass an der Lescht staark gewuess. Mir froen no, ob geschwë schonn nees en neie Prisong muss gebaut ginn.